1

Endlech nees...

#ENDLECHNEES

… kanns Du Dech op di Zäit freeën, di elo kënnt!

Du wollts schonn ëmmer eng Kéier duerch gréng an déif ageschnidden Däller wanderen, Dech vu Schlässer a Buerge verzaubere loossen, Ausstellunge wéi "The Family of Man" bestaunen, ee Sonnenënnergang op den "Éisleker Koppen" kucken oder puere « Strandfeeling » um Stauséi genéissen? Da komm eis besichen a maach elo aus Dengem Besuch Däin onvergiesslecht Éislek Erliefnis!

Zesumme mat eise Betriber an der Horesca hu mir nei Offeren an Dagestier ausgeschafft, déi et Dir lues a lues erméiglechen #endlechneess Zäit am Éislek ze verbréngen. Hei fënns Du nei Inspiratiounen a Packagen, fir dass Du di schéinste Platzen am Éislek net verpass!

Net nëmmen op eisem Internetsite fënns du onzieleg Angeboter, mee och an der neier gratis Éislek App. Hei kanns Du zu all Moment Däin Openthalt plangen. Sécher Dir an der App oder hei an eisem Ticketshop mat just engem Klick Däin Entrée fir Muséeën oder Schlässer!

D’Éislek waard op dech!

 

Des Offere sinn ofhängeg vun der aktueller COVID-19 Situatioun.

Mir bieden Dech déi aktuell sanitär Mesuren anzehalen an zielen op Deng perséinlech Responsabilitéit, Solidaritéit mat aneren an Disziplin.

 

Partner

logo 0 LFT-LU-GB-CMYK-simple signatur

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

Diese Webseite verwendet Cookies zum Zwecke der Optimierung des Angebots und der Personalisierung von Inhalten. Indem Sie auf der Seite weitersurfen, stimmen Sie der Verwendung dieser Cookies zu. ICH STIMME ZU Weitere Infos