Chrëschtmaart

Chrëschtmaart

Von Freitag 26 November 2021 bis Samstag 27 November 2021 MARTELANGE-HAUT

Zurück

Programm

Freides owes, de 26. November vu 19h00 bis 23h00 a samsdes den 27. November vun 11h00 bis 23h00 ass Chrëschtmaart am Schiefermusée, organiséiert vun de „Frënn vun der Lee“ an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Rammerech an dem Musée de l‘Ardoise. Déi fréier Schifergrouwe vun Uewermaartel liwweren eng erstaunlech Kuliss fir Stänn mat Iessen a Gedréinks, schéine Cadeausidiën an Dekoratioune fir d’Advents- a Wanterzäit. Wann de Glühginn an der Bar ‚Beim Leekëppert‘, dat gegrillte Stéck Fësch oder Fleesch, déi gehäerzten Zopp, dat séisst Genaschels oder de gezaaptene Chrëschtbéier langweileg ginn, kann ee bei Virféierungen am Holzdréchselen, an der Leederveraarbechtung oder am Schmieden interessanten Aarbechten nokucken. Ronn 40 Stänn mat Geschenker fir direkt an de Bauch oder spéider ënner de Beemchen waarden op Besucher, déi e puer Stonne mat feste Schung di fréier Leekoll a Chrëschtstëmmung erliewe wëllen. Eppes op d’Oueren liwwert freides owes de beléiftene Saxophonesensemble Saxitude, a samschdes d’Dréihuergel vum Tom, d’Lompekréimer an d’Strëpp vun der Héiltzer Musik. Den Entrée ass fräi awer et ass e Covid Check Event. Informatiounen an Details ënner www.ardoise.lu an op der Facebooksäit vum Musée de l’Ardoise.

Allgemeine Informationen

Lage

Musée de l'Ardoise
Entrée principale (CR311) | L-8823 MARTELANGE-HAUT

Kontakt

Tickets

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

Diese Webseite verwendet Cookies zum Zwecke der Optimierung des Angebots und der Personalisierung von Inhalten. Indem Sie auf der Seite weitersurfen, stimmen Sie der Verwendung dieser Cookies zu. ICH STIMME ZU Weitere Infos