CLICK’N DRUMS
Quatuor Beat
Véier Museker kommen op d'Bün, schalten d'Luucht un - klick - stellen hir Wallissen op de Bueden - bumm - an et geet lass! Egal ob mat Hänn, Féiss, Still, Koffer oder Instrumenter – et klappt, tockt a rabbelt. Iwwerall si Rhythmen ze héieren. Mat Hëllef vu verschidde Requisiten a synchroniséiert Luuchten erzielt Click'n Drums ouni Wierder eng Geschicht iwwer véier komesch Reesender, iwwer déi een näischt gewuer gëtt. Wie si se? Vu wou si se? Mysteriéis... awer e puer Hiweiser dauche wärend der Virstellung op... Déi véier Museker interpretéieren op eng originell Weis d'Musek vum Bach, Tchaikovsky, Mickey Katz, Matyas Wettl, Elliot Cole an hir eege Kompositiounen a präsentéieren e spannenden an humoristesche Spektakel, bei dem kee ka roueg sëtze bleiwen.