Cornici
La Baracca – Testoni Ragazzi
Eist Gediechtnes besteet aus Fënsteren, Fragmenter vu Geschichten, déi mir nogelauschtert hunn, Biller, déi mir gesinn hunn, Emotiounen, déi mir gefillt hunn zënter mir Kleng waren. Erënnerungen liewen an dëse Fënsteren; si maachen se op an zou. Erënnerungen a schwaarz a wäiss, agreabel awer och desagreabel, déi fir e kuerze Moment d'Vergaangenheet an d’Géigewaart huelen an déi mir mat eiser Fantasie nach eng Kéier erliewe kënnen. Erënnerunge ginn zu Froen: Wäert d'Vergaangenheet jeemools zeréckkommen? Firwat ass dat, wat geschitt an elo net méi do ass, awer nach a mir dran, a mengen Dreem ewéi och a mengen Erënnerungen? Firwat fillt et sech nach esou echt un? Dëse Spektakel an dräi Akte schafft mat ganz wéinege Wierder, awer mat Beweegungen, Zeechen, an Ausdrock, e Lien tëscht verschiddene Erënnerungen, déi zu verschiddene Leit gehéieren an awer an déi selwecht Richtung goen, bis si op der selwechter Plaz zesummekommen.