Wann? Sonntag 10.03.202417:00 - 20:00 Uhr

D'Alice am Verwonnerland
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Theater, Film & Shows

D'Alice am Verwonnerland

Am Kader vum Weltfraendag. Eng fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman-Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster. Op eng humoristesch a satiresch Aart a Weis gi sozial a politesch Themen, wéi zum Beispill de „surrealen“ Immobiliemaart zu Lëtzebuerg, déi richteg Beruffswiel, d'Léift an d’Roll vun der Fra duergestallt.

Alice… pass op…du fäls! 


Do, elo ass et geschitt! Elo ass et erof an dat däischtert Lach gefall. Erof, erof, an ëmmer méi déif erof. Hatt erwächt am Verwonnerland, engem Land dat sou verwonnerlech ass, dass een sech net méi brauch ze wonneren. Hei erlieft d’Alice seng ganz eegen, surreal Odyssee mat villen ënnerierdeschen Aventuren an deene verwonnerlechste Gestalten. 


Dës fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman-Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster, beschäftegt sech mat der Situatioun vu jonke Mënschen, déi hire Wee an hir Plaz an der Gesellschaft sichen.  


D'Stéck spillt mat villen intertextuellen Allusiounen, virop natierlech dem Lewis Carroll sengem Alice's Adventures in Wonderland, ass awer och vum Homer senger Odyssee, de Gebridder Grimm hire Märercher, dem Platon senger Philosophie an dem Shakespeare sengem Theater inspiréiert. Grad ewéi déi ikonesch Walt Disney Illustratiounen äis an eng aner Welt entféieren, esou gëtt och dës rasant a charmant Opféierung, duerch der Kënschtlerin Mélusine Mainville hir Illustratiounen, bildlech ënnermoolt.


Dës Produktioun gëtt ënnerstëtzt vum CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a vum Cube 521.

On Tour am CAPE 15. & 16.12.2023 | 20.00 

 


Reservierung und Informationen: info@cube521.lu | +352 521 521

Preisinformation
ab11,00€
Ticket buchen
ab11,00€
Ticket buchen
Marion Dessard
Die nächsten Termine
Sonntag 10.03.202417:00 - 20:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Cube 521
1, DRIICHT
L-9764 MARNACH
Auf Karte anzeigen
Tel.:00352 521 521
Anreise planen
Bernd Brüniert
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 03.02.2024

Eros & Ramazotti

Eros & Ramazotti
Mehr erfahren
Claude Siebenaler
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 27.04.2024

D'Melusinnen

D'Melusinnen
Mehr erfahren
Loredana La Rocca
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 22.02.2024

Die Physiker

Die Physiker
Mehr erfahren
Volker Beushausen
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 24.03.2024

Die Werkstatt der Schmetterlinge

Die Werkstatt der Schmetterlinge
Mehr erfahren
Bohumil Kostohryz
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 28.03.2024

Alceste vs Tartuffe

D’après Le Misanthrope et Tartuffe de Molière
Mehr erfahren
all rights reserved
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 29.06.2024

Romeo und Julia

Romeo und Julia
Mehr erfahren
Herbert Schulze
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 10.05.2024

Max Moor & Emil Brandqvist Trio

Die Schachnovelle
Mehr erfahren
Patrick Galbats
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 26.04.2024

Nornen

Nornen
Mehr erfahren
Aurélie Coudière
Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Wann? 25.02.2024

L'Écho du Silence

L'Écho du Silence
Mehr erfahren