Ee Päerderchersspill
Kaleidoskop Theater
Den Häer Sunnen ass Forain a wunnt an engem Appartement, wat hie sech esou just nach leeschte kann. Well hie sech net genuch ëm déi alldeeglech Saache këmmert, huet hien iwwersinn, datt déi Koppel, déi him dat Appartement verlount hat, ewell virun enger Zäit verstuerwen ass. Do daucht eng Madamm Dondelinger op, wéi si seet, eng wäitleefeg Niess, déi wuel eenzeg Ierwin ass. Natierlech kënnt si fir éischtens emol hier nei Proprietéit ze gesinn a virun allem de Loyer erop ze setzen. D’Welt vun de Kiermesleit ass hier eng zimmlech friem, déi sinn op eng gewësse Manéier faszinéiert, ouni sech wierklech virstellen ze kënnen, eng Kéier faktesch dermat ze doen ze kréien. Den Här Sunnen mengt awer déi Madame Dondelinger ze kennen … et kritt een esouguer no a no den Androck, datt hien vun Ufank u sécher ass, ze wësse mat wiem hien et ze dinn huet. Hiert Gespréich fänkt un sech ëmmer méi déif an hier onerfëllte Liewensweeër ze bueren, bis si sech um Enn zimmlech blouss hannert hiren verluerenen Illusiounen erëmfannen. Dem Jean-Paul Maes seng Dialogen si sprëtzeg an dreiwe sech selwer bis op déi Spëtz, wou se da kucke mussen, mat hire Protagonisten nees erofzekommen. An dat mécht deen Theater esou interessant a schaarf. Et laacht een, da kritt een onverhofft eng op de Bak an et waart een, iwwert dem weidere Laachen, op déi nächst.