Wann? Samstag 07.10.202310:00 - 17:00 Uhr

GottesHaiser um Wee
Wo? 33, Grand-Rue, L-9710 CLERVAUX Schulungen/Konferenzen

Ee Formatiounsdag zu Clierf

Pilger- a Wanderweeër kréien ee besonnesche Reiz wa Kierchen a Kapellen ënnerwee zu enger Halt invitéieren. Gäre ginn d’Leit hei eran a gënne sech e Moment vu Stëllt. Si sinn offe fir dat, wat si hei entdecke kënnen. De Raum erméiglecht Begéignung: mat sech selwer, mat aneren, mat Gott.


Referentin: Christiane Kremer-Hoffmann, Thelogin, zesumme mat Kiercheguiden.


PROGRAMM

  • Treffpunkt op der Clierfer Gare. (géint 10 Auer)
  • meditativ Visite vun der Loreto Kapell,
  • Fousswee bei d’ Abteikierch,
  • Mëttegiessen an der Abtei,
  • Visite vun der Parkierch St. Kosmas und Damian,
  • Fousswee bei den Hubertusfiels.
  • Retour op d’Gare (géint 17 Auer)

 

De Wee ass ongeféier 5 km laang, zum Deel Bëschweeër, mat e puer Steigungen.


Entrée: 12 € fir d'Mëttegiessen (et gëtt op der Plaz bezuelt)


Méi Informatiounen & Umeldung: https://ewb.lu/event/gotteshaiser-um-wee/


A Kooperatioun mam Centre de Formation Diocésain Centre Jean XXIII.


Die nächsten Termine
Samstag 07.10.202310:00 - 17:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Clervaux
33, Grand-Rue
L-9710 CLERVAUX
Auf Karte anzeigen
Anreise planen