Jemp Schuster "Béischten"
musikalesch Begleedung vum Claire Parsons
D'Ettelbrécker Bibliothéik invitéiert dënschdes, den 30.Januar 2024 um 19.30 Auer op ee flotte Liesungsowend.
De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman BÉISCHTEN. (Verlag KREMART 2023). An deem klengen Éisleker Duerf, zu Kromber, geschéien an de Joren 1942 bis 1949 Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen.
D’Claire Parsons ass als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt. Si ass als fräischaffend Musekerin op villen nationalen an internationale Bünen a Festivaler ze gesinn an ze héieren.
Mir freeën eis op äre Besuch!
Fräien Entrée - Keng Reservatioun