Zweesproocheg, Dräisproocheg ... Wie bitt méi?
Fernand Fehlen
Den 1. Juli 2023 gëtt d’Lëtzebuergescht a gläichzäiteg och d’Dräisproochegkeet an d’Verfassung ageschriwwen. De Virtrag erzielt dee laange Wee vun 1839, wéi dee franséischsproochegen Deel vum Grand-Duché eng belsch Provënz ginn ass, bis haut. Firwat ass d’Gläichberechtegung vum Franséischen a vum Däitschen, wéi se säit 1848 an der Verfassung stoung, no 100 Joer nees ofgeschaf ginn? Firwat ass d’Dräisproochegkeet, wéi se elo an der Verfassung steet, eigentlech scho vun der Realitéit iwwerholl?