Kabaret Sténkdéier: Versprach a verschwat!

Kabaret Sténkdéier: Versprach a verschwat!

From Saturday 09 November 2019 To Saturday 09 November 2019 20:00 MARNACH

back

Programm


Wien huet net schonn emol eppes versprach, wat en net gehal huet?

Et esouguer versprach, obwuel hie ganz sécher wousst, dass hien et guer net hale kéint!

An do denke mer net just un eis Politiker, mee u jiddereen: de Papp, dee sengem Bouf eppes versprécht, d'Fra hirem Mann, den Dokter sengem Patient an heiansdo versprécht eenesouguer sech selwer eppes, wat een net anhale kann!


Ganz séier mierke mer ... et huet ee bal grad esou féx eppes versprach, wéi sech verschwat!

An op deem Wee rieden sech vill Leit eraus: "Wann ech dat versprach hat, dann hat ech mech verschwat!"

Huet deejéinegen  sech verschwat oder gelunn? Oder huet een sech verschwat fir ze léien?

Wéi eng Katastrophe géingen iwwert eis erabriechen, wann mer net géinge verspriechen, wat mer duerno net halen?

A virun allem, wat fir ee Chaos géing entstoen, wann mer eis Versprieche géingen halen?

Abee, de Kabaret Sténkdéier versprécht Iech heimat héich an helleg, datt Dir Iech net langweilt, an domat hu mir eis mat Sécherheet net verschwat!


General information

Location


1-3 DRIICHT | L-9764 MARNACH

Price

Groupe : 17.00 €
Plein : 20.00 €
Moins de 26 ans : 10.00 €

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info