Keen Doheem

Keen Doheem

From Friday 14 February 2020 To Friday 14 February 2020 20:00 MARNACH

back

Programm


Do wou eng Zäitche keen doheem ass, sinn d’Mais op emol Här a Meeschter. An bekannterweis verkommen net nëmme d’Gebaier, wa se net bewunnt sinn! Och mir komme séier op den Hond, iwwerall do wou mir d’Kontroll verléieren. Wat sinn dat dach fir skurril Situatiounen, déi mir am Alldag erliewen, wann déi neuronal Schaltzentral duerch iergendeppes ausser Betrib geréit.

A genee aus sou Beobachtungen a perséinlechen Erfarungen eraus huet Tri2Pattes erëm ee fonkelneien Comedy-Programm zesumme gesponnen (elo ëmmerhi schonn déi 3. Editioun!).

Dobäi bleiwen si sech ganz trei mat ganz eegene Mix vu Sketcher, Standup, Clownerie, Musek a villem méi.

Also eng ‘Affaire à suivre! An een eendeitegen ‘Avis aux amateurs du rire’!

Et sief och hei dorun erënnert, dat Tri2Pattes de Benefiss vun hirer Tournée och des Kéier erëm integral un d’Associatioun ‘EBS Luxembourg’ spent, also fir domat de Bau vu Schoulen an defavoriséierte Géigenden vum Senegal ze ënnerstëtzen!

General information

Location


1-3 DRIICHT | L-9764 MARNACH

Price

Groupe : 17.00 €
Plein : 20.00 €
Moins de 26 ans : 10.00 €

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info