Buerschent DJI 0426m albd HDfb (1)

Discovery Tour
 

DISCOVERY TOUR 

D' Éislek – Dës Regioun verstoppt e puer Schätz! Iwwerzeeg Dech selwer vun hirer Diversitéit a besich hir Highlights wärend enger Erliefnis-Tour.

 


1. DAG

Arrivée am Hotel denger Wiel
Iwwernuechtung mat Kaffi

2. DAG - DISCOVERY TOUR

Kaffi moies am Hotel

Photostop Panoramaplattform Belvédère an Besuch vum Bëschentdeckungszentrum "Burfelt"

D'Plattform bitt eng moleresch Vue op den 380 Hektar groussen Stauséi.

Besichtegung vun der Fotoausstellung „The Family of Man“

The Family of Man gëtt als dee gréisste fotografesche Projet beschriwwen dee jeemools d'Been gestallt gouf an ass zënter 2003 als UNESCO Weltkulturierwen klasséiert.

Stad-Besichtegung vu Klierf, Mëttegiessen a Kaffispaus méiglech

D'Stad Klierf begeeschtert mat sengem pittoreske Flair.
D'Abtei, Loreto Kapell, Dekanatskierch an d'Buerg vu Klierf gehéieren zu de bekanntste Szenen.

Nationalmusée fir Militärgeschicht, Diekrech

Den Nationalmusée fir Militärgeschicht zu Dikrech weist vill detailléiert Dioramas ronderëm d'Evenementer vun der Ardennenoffensiv (1944-1945).

Zréck op den Ausgangspunkt

Iwwernuechtung am Hotel 

3. DAG - AKTIV AM ÉISLEK

Kaffi moies am Hotel

Wanderung oder Vëlo Tour an der Ëmgéigend vun Denger Ënnerkonft, inklusiv engem Lunch Package

Deng Ënnerkonft bitt Dir déi néideg Informatioun iwwer d'Vëlos- an Wanderweeër an der Regioun.

4. DAG - SCHLÄSSER TOUR

Kaffi moies am Hotel

Besichtegung vum Veianer Schlass

Dat mëttelalterlecht Schlass, dat gréissten Mierkmol vun der Stad Veianen, gëtt pro Joer vun bal 200.000 Leit besicht.
Et ass bis elo dat meescht besichtegt historescht Gebai zu Lëtzebuerg.

Mëttegiessen a Kaffispaus zu Veianen méiglech

Castle Stops an Photospots

Klierf, Ierpeldeng-op-der-Sauer, Buurschent, Esch-Sauer, Woltz, Branebuerg

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info