redimensionnee-1

Wanderungen am Summer ¦ Hiking meets local food
 

Wanderungen am Summer

Entdeck, de ganze Summer duerch, déi schéinste Spazéiergäng duerch d’Regioun Klierf mat eisem Naturguiden a genéiss eis lokal Kichen an engem vun eisen 4 deelhuelende Restauranten.


All Mëttwoch a Sonndeg

Vum 15. Juli 2020 u bidde mir 18 Datumer fir Wanderungen un. Eng Wanderung gëtt all Mëttwoch a Sonndeg bis den 13. September 2020 proposéiert. Eis Wanderungen gi begleet vun engem Naturguide aus dem Our Nature Park oder vum ORT Éislek.
De Start ass tëscht 9 an hallwer 10 Auer moies, ofhängeg vum Startpunkt. De Restaurant empfänkt Iech um Enn vun der Wanderung, ofhängeg vum Grupp, tëscht 12 Auer an 1 Auer.

3 Startpunkten, 3 Wanderungen

Mir bidden 3 Startpunkten: Wëlwerwolz, Hengescht a Klierf. D'Route vun de Wanderungen gi vun eisen Naturguiden ausgeschafft a si ronn 10 km laang. Leider sinn d'Wanderungen net zougänglech fir Kannerkutschen. Well et vill erop an erof geet, ass kierperlech Ausdauer gefuerdert. Fest Schong sinn recommandéiert.

  • D'Wanderung vum Hengescht féiert Iech an den Ourdall. Den Aperitif gëtt am Restaurant vu Camping Tëntesmillen servéiert.
  • D'Wanderung vu Klierf bitt Iech déi schéinste Vue op d'Stad an d'Ëmgéigend.
  • D'Wanderung vu Wëlwerwolz ass eng Mëschung aus ländleche a Bëschwanderungen am Irbichdall. Start: Wëlwerwolz Gare. Nom Mëttegiessen gi mer zréck op d'Gare zu Draufelt.

4 Restauranten a lokal Gastronomie

No Denger Wanderung treffe mir eis an engem vun de 4 deelhuelende Restauranten. Um Menü: lokal Produkter a regional Rezepter! Eis Käch preparéiere dat Bescht vun der Éisleker Gastronomie an engem 3-Gang Menü.
De Cornelyshaff Restaurant zu Hengescht ass spezialiséiert op Béierbaséierte Rezepter. Dëse Béier gëtt op der Plaz gebraut. Zu Klierf ass den exzellente Restaurant La Table de Clervaux, am Häerz vum Hotel du Commerce. Zu Munzen ass et d'Robbesscheier déi Dech an der Mëtt vu senge Geméisgäert empfänkt. Net ze vergiessen de Restaurant Ecuries du Parc zu Klierf, déi Dir e bëssen eppes Extraes mat hirem Menü ubidden.

 

Praktesch Informatiounen

Fir d'Aarbecht vun eise Restaurateure méi einfach ze maachen, si Reservatiounen obligatoresch bis den Dag virun der Wanderung.
Reservatioune kënnen direkt iwwer gemaach ginn oder iwwer +352 92 00 72. Gidd w.e.g. den Datum vun der Wanderung an Zuel vun de Leit un.
D'Menüe ginn op eiser Facebook Säit verëffentlecht. Alternativen zu dëse Menüe si verfügbar.
De Präis ass 30€ (Erwuessen) a 16€ pro Kand (<3 Joer - 9 Joer). Gratis fir Kanner bis 3 Joer.
Dëse Präis enthält den Natur Guide, e Wëllkomm Snack an den 3-Gang Menü am Restaurant, Gedrénks net abegraff. De Betrag muss am Restaurant bezuelt ginn.

 

Wander-Tagebuch

Startpunkten:

  • Klierf Gare um 9.30 Auer.
  • Gare zu Wëlwerwolz um 9.30 Auer. Nom Mëttegiessen gi mir zréck op d'Gare zu Draufelt.
  • Cornelyshaff zu Hengescht um 9.30 Auer
  • Mëttwoch 15. Juli: Klierf a seng Panoramae - 3-Gang Menü an den Ecuries du Parc
  • Sonndeg, 19. Juli: Vu Wëlwerwolz iwwer dem Irbichdall op Munzen - 3-Gang-Menü "Robbesscheier", nom Mëttegiessen gi mir zréck op d'Gare zu Draufelt.
  • Mëttwoch, 22. Juli: Klierf a seng Panoramae - 3-Gang Menü an den Ecuries du Parc
  • Sonndeg, 26. Juli: Hengescht an den Ourdall - 3-Gang Menü am Cornelyshaff
  • Mëttwoch, 29. Juli: Vu Wëlwerwolz iwwer den Irbichdall op Munzen - 3-Gang-Menü "Robbesscheier", nom Iessen geet et zréck op Wëlwerwolz
  • Sonndeg, 2. August: Klierf a seng Panoramae - 3-Gang-Menü an der Table de Clervaux
  • Mëttwoch 5. August: Hengescht an den Ourdall - 3-Gang Menü am Cornelyshaff
  • Sonndeg, 9. August: Vu Wëlwerwolz op Äischer - Menü an der Rackésmillen. (Millefest)
  • Mëttwoch, 12. August: Klierf a seng Panoramae - 3-Gang Menü an der Ecuries du Parc.
  • Sonndeg, 16. August: Hengescht an den Ourdall - 3-Gang Menü am Cornelyshaff
  • Mëttwoch 19. August: Vu Wëlwerwolz iwwer den Irbichdall op Munzen - 3-Gang-Menü "Robbesscheier". Nom Mëttegiessen gi mer zréck op d'Gare zu Draufelt.
  • Sonndeg, 23. August: Vu Wëlwerwolz iwwer den Irbichtal op Munzen - 3-Gang-Menü "Robbesscheier" Nom Mëttegiessen gi mir zréck op d'Gare zu Draufelt.
  • Mëttwoch 26. August: Hengescht an den Ourdall - 3-Gang Menü am Cornelyshaff
  • Sonndeg, 30. August: Klierf a senge Panoramaen - 3-Gang Menü an der Table de Clervaux
  • Mëttwoch 2. September: Vu Wëlwerwolz iwwer den Irbichdall op Munzen - 3-Gang-Menü "Robbesscheier" Nom Mëttegiessen gi mir zréck op d'Gare zu Draufelt.
  • Sonndeg, 6. September: Hengescht an den Ourdall - 3-Gang Menü am Cornelyshaff
  • Mëttwoch 9. September: Hengescht an den Ourdall - 3-Gang Menü am Cornelyshaff
  • Sonndeg, 13. September: Klierf a senge Panoramaen - 3-Gang-Menü an der Table de Clervaux

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info