DAN1196-2m albd (1) (2)

Special Offer - Wanderen ouni Gepäck duerch d'Nordstad

More information

Special Offer - Wanderen ouni Gepäck duerch d'Nordstad

Entdeck d’Nordstad op dem 48 Kilometer laangen, nom Lëtzebuerger Jurist, Wirtschaftsexpert an Auteur benannten Sentier Adrien Ries. Du kanns d’Streck an zwou Etappen goen an zu Bettenduerf, souwéi zu Ettelbréck oder Ierpeldeng-Sauer iwwernuechten.
Den Auto kanns Du ganz einfach am éischten Hotel stoen loossen. De Gepäcktransport wärend der Wanderung iwwerhuelen d’Hoteller.

D’Éislek vereent wonnerschéin Naturlandschaften mat urbanen Uertschaften.
Wou d’Uelzecht an d’Sauer zesumme kommen ass eng eemoleg Landschaftsstruktur entstanen: den Dall vun der Nordstad.
Den Adrien Ries huet 1973 de Begrëff „Nordstad“ vir den urbanen Siidlungsraum Dikrech /Ettelbréck geprägt. Hien war ee begeeschterte Wanderer an ass zu Fouss dausende Kilometer duerch Lëtzebuerg an Europa gaangen.


Etappen:
Ettelbréck oder Ierpeldeng-Sauer – Bettenduerf
Bettenduerf - Ettelbréck oder Ierpeldeng-Sauer

Hotel Lanners - Ettelbréck

Präis pro Persoun am Duebelzëmmer: 155 € 

Servicer am Präis abegraff:

  • Kaffi
  • Aperitif op der Terrass
  • Gourmet Menü inklusiv Waasser an engem Glas Wäin pro Gang  
  • Parking
  • Schlemmer-Picknick fir d‘ Wanderung
  • Gepäcktransport bei den nächsten Hotel
  • Eng gratis Wanderkaart gëtt et beim éischten Hotel dobäi.

Hotel Dahm – Ierpeldeng-Sauer

Präis pro Persoun am Duebelzëmmer „Deluxe“: 130 € 
(+ 30 € fir de Forfait Gedrénks: 1 Glas Cremant, 2 Glieser Wäin, Waasser, 1 Taass Kaffi)

oder

Präis pro Persoun am Duebelzëmmer „Prestige“: 120 € 
(+ 30 € fir de Forfait Gedrénks: 1 Glas Cremant, 2 Glieser Wäin, Waasser, 1 Taass Kaffi)

Servicer am Präis abegraff:

  • Kaffi (Buffet)
  • Menü „BIB-Gourmand“
  • Parking
  • W-Lan
  • Lunch-Box fir d‘Wanderung
  • Gepäcktransport bei den nächsten Hotel
  • Eng gratis Wanderkaart gëtt et beim éischten Hotel dobäi.

Hotel Terrace - Bettenduerf

Präis pro Persoun am Duebelzëmmer: 148 € 

Servicer am Präis abegraff:

  • Kaffi
  • Welcome Drink: Hausgemaachen Ice Tea oder Cremant
  • 3-Gang Menü à la carte
  • Parking
  • Lunch-Box fir d‘Wanderung
  • Gepäcktransport bei den nächsten Hotel
  • Eng gratis Wanderkaart gëtt et beim éischten Hotel dobäi.

General information

Location

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info