a DJI 0197m HDfb

Special Offer - Vianden meets Clervaux

More information

Special Offer - Vianden meets Clervaux

Stied entdecken, matten an der Natur?
D’Éislek kombinéiert onvergiesslech Naturerliefnisser mat faszinéierende Stied.
Egal ob am mëttelalterleche Veianen oder am renomméierte Klierf, ee flotten Vëlo- oder Wanderwee ass net wäit ewech. Gläichzäiteg kanns Du de Charme vun architektonesche Schéinheeten, klengen Foussgängerzonen an gemittleche Caféen a Restauranten op Dech wierken loossen.

Wou soll Deng Rees ufänken? Zu Veianen oder zu Klierf, Du hues d’Wiel!

Pauschalpräis vir zwou Persounen am Duebelzëmmer (2 Nuechten): 380 €
Pauschalpräis vir eng Persoun am Duebelzëmmer (2 Nuechten): 270 €

Programm (Beispill mat Start zu Veianen)

Dag 1 : Veianen

Arrivée am Hotel Heintz
Check-in ab 14 Auer
(Iwwernuechtung incl. Kaffi)
Däi Gepäck kanns Du ab 10 Auer an der Receptioun ofginn.

Welcome Drink

Aktiv zu Veianen: Wanderung (Du hues 3 Touren zur Auswiel: liicht, mëttel, schwéier)
Am Hotel kriss Du all Informatiounen zu de Wanderweeër. Lunchbox mat 2 Sandwichen / Uebst / Muffin oder Müsliriegel / Waasserfläsch inclus
D’Wanderung kann um Dag vun der Arrivée oder um Dag duerno gemaach ginn.

Owendiessen am Restaurant Veiner Stuff zu Veianen
Lokal a regional Spezialitéiten / Assiette dégustation
Falls ausgebucht steet Dir en anere Partner-Restaurant zur Verfügung.

* Visitt Schlass Veianen / Faart mam Sessellift / Visitt Victor Hugo Musée


Dag 2 : Klierf

Arrivée am Hotel International / Koener / Golf
Check-in ab 14 Auer
(Iwwernuechtung incl. Kaffi)
Däi Gepäck kanns Du ab 10 Auer an der Receptioun ofginn.

Welcome Drink

Aktiv zu Klierf: Wanderung / Vëlostour (Du hues jeweils 2 Touren zur Auswiel) / Golf
Am Hotel kriss Du all Informatiounen zu de Wander- / Vëlosweeër oder zum Golf. Lunchbox mat 2 Sandwichen / Uebst / Muffin oder Müsliriegel / Waasserfläsch inclus
D’Wanderung / de Vëlostour  kann um Dag vun der Arrivée oder um Dag duerno gemaach ginn.

Owendiessen am Restaurant Beim Bertchen zu Wuelessen
(Haaptplat & Dessert, 3 Auswielméiglechkeeten)
Falls ausgebucht steet Dir en anere Partner-Restaurant zur Verfügung.

* Schlass Klierf mat der Fotoausstellung „ The Family of Man“, Musée vun der Ardennenoffensiv an Musée vun de Modeller vun der Buergen a Schlässer Lëtzebuerg / Visitt vun der Benediktiner Abtei



----------------------------------------------------------------------------------------------------

* Touristesch Fräizäitaktivitéiten zu Veianen a Klierf passend zum Package

Transport:

Du kanns Deng Rees och mam gratis ëffentlechen Transport plangen.
Weider Informatiounen fënns Du ënner www.mobiliteit.lu

Garen: Ettelbréck, Dikrech, Kautebaach, Klierf, Ëlwen
Buslinn Ettelbréck Veianen: 570
Buslinn Ettelbréck Klierf: 663
 

General information

Location

Éislek |

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I ACCEPT More info