CONCERT vu Klassik bis Pop 2022
CONCERT vu Klassik bis Pop 2022
Mat mexikaneschen, israeleschen, däitschen, italieneschen, engleschen, franséischen a lëtzebuergesche Kläng entféieren de Foulschter Gesank a seng Solisten Iech dëst Joer an d’Welt vu Film, Musical an Operett.
Awer och bekannten traditionell Leckereie stinn um Programm, vu „Lëtzebuerger Spezialitéiten“ iwwer franséisch Chanson bis zu engleschem Pop <style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=concert-vu-klassik-bis-pop-2022-swco2B&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.an däitschem Lied: Fir jiddwereen ass eppes derbäi.
Wéi gewinnt sinn och erëm Kanner a Jugendlecher op eisem Concert am Asaz: Mat de schéinste Melodien aus dem Disney-Film „Die Eiskönigin 1 & 2“ (Frozen) verzauberen si Jonk an Al.
Den Owend wäert ausklénge mat Auszich aus dem ergräifende Musical „Les Misérables“ .vum Claude-Michel Schönberg.
Dëst Joer begleet de Jos Majerus de Foulschter Gesank um Piano.
De Programm gëtt Iech presentéiert vum Christine Lallemand a Caroline Garçon.