Koffergrouf - Mine de cuivre (c) SI Stolzembourg (16)

Liewen wéi fréier
 

LIEWEN WÉI FRÉIER 

Méi wéi 1000 Joer Geschicht sinn am Norde vu Lëtzebuerg verstoppt.
Prett zréck an d'Zäit ze reesen? Erlief déi historesch Highlights vum Éislek op engem 2 Dages-Tour a versetz Dech selwer an e Liewen wéi fréier!


1. DAG

Arrivée am Hotel denger Wiel

2. DAG

Kaffi moies am Hotel

Besuch am Landmusee zu Bënzelt

D'Landliewen hat vill Facetten: Hausaarbecht, Hygiène, Schoul, Relioun souwéi d'soziaalt Liewen an d'Handwierk ginn lieweg am Musée gewisen.

Mëttegiessen méiglech zu Veianen / Lunchpaket aus dem Hotel oder Camping

Besichtegung vum Schlass zu Veianen

Dat mëttelalterlecht Schlass, dat gréissten Mierkmol vun der Stad Veianen, gëtt pro Joer vun bal 200.000 Leit besicht.
Et ass bis elo dat meescht besichtegt historescht Gebai zu Lëtzebuerg.

Duerno geet et zeréck an den Hotel.

3. DAG

Besich de Schiefermusee zu Uewer-Maartel

Den Schiefermusee zu Uewer-Maartel erlaabt Dir en Sprong an d'Geschicht vun der Schiferindustrie an der Martelinger Regioun ze maachen.

OPGEPASST:

Dës Attraktioun ass nëmmen op fir individuell Visitten op verschidden Deeg!
Kontaktéier w.e.g. dat zoustännegt Personal fir Däi Besuch ze plangen oder kaf e Ticket fir Däi gewënschten Datum direkt online:
www.visit-eislek.lu/de/ticket-buchen

Kontakt Schifermusee: 

B.P. 12
L-9401 Vianden
Grand-Duché de Luxembourg

T.  +352 26 95 05 66 
E. 

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. J'ACCEPTE Plus d’informations