Quand ? Dimanche 10.03.202417:00 - 20:00

D'Alice am Verwonnerland
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Théâtre, films et spectacles

D'Alice am Verwonnerland

Dans le cadre de la Journée Internationale de la Femme. Spectacle en luxembourgeois.

Eng fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman-Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster. Op eng humoristesch a satiresch Aart a Weis gi sozial a politesch Themen, wéi zum Beispill de „surrealen“ Immobiliemaart zu Lëtzebuerg, déi richteg Beruffswiel, d'Léift an d’Roll vun der Fra duergestallt.


Alice… pass op…du fäls! 


Do, elo ass et geschitt! Elo ass et erof an dat däischtert Lach gefall. Erof, erof, an ëmmer méi déif erof. Hatt erwächt am Verwonnerland, engem Land dat sou verwonnerlech ass, dass een sech net méi brauch ze wonneren. Hei erlieft d’Alice seng ganz eegen, surreal Odyssee mat villen ënnerierdeschen Aventuren an deene verwonnerlechste Gestalten.


Dës fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman-Show beschäftegt sech mat der Situatioun vu jonke Mënschen, déi hire Wee an hir Plaz an der Gesellschaft sichen. 

D'Stéck spillt mat villen intertextuellen Allusiounen, virop natierlech dem Lewis Carroll sengem Alice's Adventures in Wonderland, ass awer och vum Homer senger Odyssee, de Gebridder Grimm hire Märercher, dem Platon senger Philosophie an dem Shakespeare sengem Theater inspiréiert. Grad ewéi déi ikonesch Walt Disney Illustratiounen äis an eng aner Welt entféieren, esou gëtt och dës rasant a charmant Opféierung, duerch der Kënschtlerin Mélusine Mainville hir Illustratiounen, bildlech ënnermoolt.


Dës Produktioun gëtt ënnerstëtzt vum CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a vum Cube 521.

On Tour am CAPE 15. & 16.12.2023 | 20.00 

 


Réservations et informations : info@cube521.lu | +352 521 521

Informations sur les prix
A partir de 11,00€
Réserver un billet
A partir de 11,00€
Réserver un billet
Dates des prochains événements
Dimanche 10.03.202417:00 - 20:00

Lieu

Adresse: Cube 521
1, DRIICHT
L-9764 MARNACH
Afficher sur la carte
Tél. :00352 521 521
Planifier l’itinéraire
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 03.02.2024

Eros & Ramazotti

Eros & Ramazotti
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 27.04.2024

D'Melusinnen

D'Melusinnen
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 24.03.2024

Die Werkstatt der Schmetterlinge

Die Werkstatt der Schmetterlinge
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 28.03.2024

Alceste vs Tartuffe

D’après Le Misanthrope et Tartuffe de Molière
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 29.06.2024

Roméo et Juliette

Roméo et Juliette
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 26.04.2024

Nornen

Nornen
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 25.02.2024

L'Écho du Silence

L'Écho du Silence
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 16.06.2024

Fifi Brindacier

Fifi Brindacier
en savoir plus
Où ? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Quand ? 21.01.2024

Steffi und der Schneemann

Steffi und der Schneemann
en savoir plus