Dem Pol seng Schlësselen
Dem Pol seng Schlësselen
Am Fong wollt d'Sophie just nëmme schnell mol eng Wunneng ausraumen. Et stellt sech awer eraus, dass d'Wunneng dem Pol, engem jonke Medezin-Student gehéiert, dee Jänni a Männi säi Schlëssel iwwerlooss huet. Natierlech dauchen déi alleguerte genau zu deem onglécklechen Zäitpunkt op an et kënnt zu enger Hellewull u Mëssverständnesser, Ligegeschichten a Verwiesslunge bis dat d’Sophie den Duerchbléck verluer huet, an sou den Zuschauer an d'Zuschauerin mat op eng lëschteg a spannend Aventure hëlt, wou nawell d’Laachmuskelen uerg strapazéiert ginn. Muss dee Pol dann och jidderengem e Schlëssel ginn? Et hätt sou einfach kënne si fir eist Sophie.