AUSSTELLUNG: Am Wandel vun den Zäiten
175 Jar Dikrecher Sängerbond
Mat raren Archivfotoen, Plakater, Fueskostümer, Jubiläums- a Fotobicher kritt de Public en authenteschen Abléck an d’Dikrecher Veräinskultur, de sozialen Zesummenhalt an déi musikalesch Erausfuerderungen duerch d’Zäiten.
.
Iwwer zwee Stäck erlieft een eng Rees duerch déi wichtegst Etappe vum Dikrecher Sängerbond. Een Deel vun der Ausstellung ass dem Jos KINZÉ, laangjäregen Dirigent vum Sängerbond a Citoyen Méritant vun der Stad Dikrech gewidmet. Ee weideren Deel vun der Expo gëtt een Abléck an d’Veräinsliewen, mat Fotoe vun der Fuesend, dem Theater a lëschtegen Owender.
.