Ausstellung "Am Wandel vun den Zäiten - 175 Joer Sängerbond"
Ausstellung "Am Wandel vun den Zäiten - 175 Joer Sängerbond"
FREIDEG 05.06.2026 um 18.30 Auer
DIKRECHER GESCHICHTSMUSEE MH(S)D
Chorale Municipale Sängerbond Diekirch
OUVERTURE AUSSTELLUNG:
Am Wandel vun den Zäiten
Inauguratioun vun der Expo déi 175 Joer Dikrecher Sängerbond resüméiert. D’Austellung ass op vum 06.06. bis 28.06.2026 inclus.
Jos Majerus, Piano
Jean-Paul Majerus, .Direktioun
An der Ausstellung gëtt d’Geschicht vun 175 Joer Dikrecher Sängerbond op eng lieweg Aart a Weis erzielt.
Iwwer zwee Stäck erlieft een eng Rees duerch déi wichtegst Etappe vum Dikrecher Sängerbond.
Mat raren Archivfotoen, Plakater, Fueskostümer, Jubiläums- a Fotobicher kritt de Public en authenteschen Abléck an d’Dikrecher Veräinsliewen, de sozialen Zesummenhalt an déi musikalesch Erausfuerderungen duerch d’Zäiten.
Fir d’Inauguratioun vun der Ausstellung „Am Wandel vun den Zäiten“ presentéiert den Dikrecher Sängerbond e kuerze musikalesche Programm.
Découvrez, dans une ambiance vivante et chaleureuse, l’histoire musicale et sociale de la “Chorale Municipale Sängerbond Diekirch”.
Le public pourra replonger dans les moments marquants du chœur et parcourir ses grandes étapes grâce à une sélection d’archives rares et authentiques.
Un espace de l’exposition sera consacré à Jos Kinzé, ancien chef de chœur et citoyen méritant de la Ville de Diekirch. Pour célébrer l’inauguration, le Dikrecher Sängerbond offrira au public un moment musical placé sous le signe de la paix.
.