Gesangsdag: Summerconcert by Dikrecher Solschlësselcher
Sollebutzen (Directioun Maike Wendt) / Solschlësselcher (Directioun Daniel Mujzer)
D’ Sollebutzen & d’Sollen presentéieren hire faarwegen an sprëtzege Summerconcert. De Chouer besteet aus zwou Gruppen: Bei de „Sollebutzen“, ab 5 Joer a geleet vum Maike Wendt., entdecken di Kleng spilleresch hier Stëmm, Rhythmus a Freed um Sangen. D’”Sollen”, ee Grupp vu Jugendlechen ab 16 Joer a jonken Erwuessenen, sti säit Januar 2025 ënnert der Leedung vum Daniel Mujzer a bestieche mat engem souveränen a moderne Chouerklang.
.