Grouss Botz zu Dikrich
Grouss Botz zu Dikrich
D’Nohaltegkeetskommissioun, mat der Ënnerstëtzung vun de Gemengeservicer vun der Stad Dikrich, invitéiert op déi traditionell Grouss Botz.
Maacht och Dir mat an drot dozou bäi dass Dikrich méi propper a schéin an d’Fréijoer starte kann.
.
Treffpunkt ass um 9 Auer beim Restaurant «Al Schwemm» am Park, wou Dir ee Kaffi a Croissant zerwéiert kritt.
No der Botz offréiert d’Gemeng hei dann och ee gudde Maufel.
.
D’Gemeng stellt Tuten, Pincen, Händchen a Sécherheetswesten zur Verfügung.
Wann Dir matmaache wëllt, da mellt Iech wgl. bis den 13. Mäerz per E-mail op communication@diekirch.lu un.
Scho freides, den 20. Mäerz, ginn e puer Klassen aus dem Fondamental verschidde Plaze ronderëm Dikrich botzen.