Wann? Donnerstag 14.11.202420:00 Uhr

Kabaret Sténkdéier

Wo? 1, DRIICHT, L-9764 MARNACH Theater, Film & Shows

Mat vollem Karacho

De Kabaret Sténkdéier mam neie Programm „Mat vollem Karacho“. En luxembourgeois.


Geet et Iech an der Lescht net och e bëssen ze schëtzeg?


Ee Moment net opgepasst, a schonns blénkt déi rout Luucht um Radar. D’Frigosdier e bëssen ze laang opgelooss, d’Wäsch net direkt ausgeraumt, de Printer brauch neien Toner, a schonns piipst a blénkt et wéi verréckt an Dir kommt es kaum erno.


Nëmme wie fréi un ass, dee kritt déi gutt Präisser, wien sech féx bäimécht, profitéiert vun den Avantagen. Wie bei der Digitalisatioun de Fouss net um Gas léist, gëtt äiskal iwwerholl a bleift aleng am Ree stoen. Méi séier, méi héich, méi wäit! Wat soss just am Sport gezielt huet, gëllt elo och an eiser aller Privatliewen. Optimiséier dech! Sief dee Beschten, sief dee Schéinsten, sief dee Séiersten! „Dee Leschten ass dee Beschten“ war definitiv fréier.


An déi Karacho-Mentalitéit hunn eis populistesch Cowboys a Cowgirls och an der Politik salonfäeg gemaach. Wien an der Roll vum Sheriff ze glänze weess, méi séier schéisst wéi säin eegene Schiet, deem ass den Applaus vum Publikum an ee Sëtz um Krautmaart sécher. Wie bremst, oder schlëmmer nach, wien denkt, deen huet verluer.


Mee wuer féiert déi Hetz hin? Lafe mer net all mat zouen Aen an eist Verdierwen? Fäerte mir tatsächlech, net als éischten un dem Péitruss seng Paart ze klappen?


Gonnt Iech eng wuelverdéngten Auszäit, huelt Iech Zäit, trëppelt amplaz ze lafen, otemt eng Kéier ganz déif an a loosst Iech vun eisen zertifizéierten Entschleuneger vum Kabaret Sténldéier zeréck op de Buedem vun den Tatsaache beamen. Nëmme wien a sengem Rhythmus geet, dee geet wierklech mat der Zäit.


Mam | Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher & Irène Zeimes

Texter | Roland Meyer

Regie | Joe Heintzen & Noémie Leer

Musek | Camille Nanquette



Foto © Claude Sibenaler

Preisinformation
ab11,00€
ab11,00€
© echo.lu
Die nächsten Termine
Donnerstag 14.11.202420:00 Uhr
Freitag 15.11.202420:00 Uhr
Samstag 16.11.202420:00 Uhr
Sonntag 17.11.202418:00 Uhr
Mehr anzeigenWeniger anzeigen

Veranstaltungsort

Adresse: Cube 521
1, DRIICHT
L-9764 MARNACH
Auf Karte anzeigen
© echo.lu

D'Melusinnen

D'Melusinnen
Mehr erfahren
© echo.lu

Romeo und Julia

Romeo und Julia
Mehr erfahren
© echo.lu

Max Moor & Emil Brandqvist Trio

Die Schachnovelle
Mehr erfahren
© echo.lu

Nornen

Nornen
Mehr erfahren
© echo.lu

Pippi Langstrumpf

Pippi Langstrumpf
Mehr erfahren
© echo.lu

A Propos Liewen

A Propos Liewen
Mehr erfahren
© echo.lu

Béischten

Eng Liesung vum Jemp Schuster. Musikalesch begleet vum Claire Parsons.
Mehr erfahren
© echo.lu

Bidla Buh

Advent, Advent, der Kaktus brennt...
Mehr erfahren
© echo.lu

CHUUUT(e)

CHUUUT(e)
Mehr erfahren