Konferenz zum Thema „Lieux de mémoire“ zu ESCHWELLER
Weekend vun den oppene Kierchen 2026
2. Weltkrichs Monumenter bei de Kierchen. Opbau vun enger Datebank
Co-Organisateuren: MNHM, EwB..
De Musée National d’Histoire Militaire huet an enger Datebank all Monumenter vum 2. Weltkrich am Land. D’Zil ass nieft dem komplette Relevé och Biografien zu den eenzele Persounen, déi bspw. op de Monument aux morts stinn, ze erfuerschen a mam Monument ze verbannen.
---
Zu Eschweller/Wolz:
Hei spillt d‘Kierch eng speziell Roll, well en amerikaneschen Zaldot an enger Fresk am Chouer integréiert ass als Apostel, deen d‘Brout verdeelt.
Mam Benoît Niederkorn, Direkter MNHM, Erny Kohn, President CEBA, a Jacqueline Gudenburg, Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul.
---
D'Participatioun ass GRATIS.
Méi Informatiounen zum Event fannt Dir hei.
---
Méi Informatiounen zum Weekend vun den oppene Kierchen 2026 fannt Dir hei.
.
---
www.ewb.lu | www.oppekierchen.lu | www.echoes-of-war.lu