Wanderausstellung "Asteroid Mission"
Wanderausstellung "Asteroid Mission"
De Musée d’Histoire[s] Diekirch freet sech d’Wanderausstellung Asteroid Mission vum Musée National d’Histoire Naturelle Luxembourg am Februar präsentéieren ze dierfen:
Iwwerreschter vun der Entsteeung vun eisem Sonnesystem, Bedroung fir d’Iwwerliewe vun der Mënschheet a Quell vu bal onendlechem Räichtum, Asteroide faszinéieren a maachen och munchmol Angscht.
Wousst dir, datt all Joer méi wéi 5.000 Tonnen extraterrestrescht Material op eis Äerd fält? Oder datt et Waasser a verschiddene Kratere vum Mound gëtt? Hutt Dir jeemools e Stéck vum Mound ugepaakt? Nee?
.
Dann zéckt net a kommt an dëser Ausstellung mat op eng eenzegaarteg Rees duerch eise Sonnesystem.
© MNHN
.
D’Ausstellung ass vum 6. Februar bis den 1. März 2026 am Kulturhaus zu Dikrech ze gesinn.