Foulschter Gesank & Friends in Concert
Foulschter Gesank & Friends in Concert
De Foulschter Gesank invitéiert Iech ganz häerzlechst op séin Concert de 12. Oktober 2024 um 20.00 Auer zu Foulscht am Centre Culturel. Dir braucht och näischt virdrun z'iessen, well vun 18.30-19.30 Auer kritt Dir eng Assiette zerwéiert.
E bëssen duerch Zoufall zitt sech d’Léift wéi e roude Fuedem duerch de Programm vum Foulschter Gesank in Concert, mat Lidder wéi Je l’aime à mourir vum Francis Cabrel, Te quiero vum Mario Benedetti, dem Terzett Wer kann schon ohne Liebe sein aus dem Musical Die drei Musketiere, So weich und warm vum Peter Cornelius, I’m gonna be (500 Miles) vun The Proclaimers oder engem Medley aus Die Schöne und das Biest, gesonge vun eisem Kanner- a Jugendensembel.
.
Eng Parodie op eng Oper oder eng Moritat gefälleg? Mat Italian Salad an dem Kanéileliss vu Weier ass fir e puer humoristesch Momenter gesuergt.
.
Awer och d’Frënn vu Filmmusek komme mat Moon River vum Henry Mancini, Nella Fantasia (Gabriel’s Oboe aus The Mission) vum Ennio Morricone oder The green leaves of summer aus The Alamo op hir Käschten, grad ewéi d’Fans vu Coldplay mat Viva la Vida.
De Chouer, ënnert der Leedung vum Claire Garçon-Wio, a seng Soliste gi begleet vum Jos Majerus um Piano, dem Ben Weis um E-Bass an dem Jacques Créton op der Batterie.De Programm gëtt Iech presentéiert vum Christine Lallemand a Caroline Garçon.