Cantemus a capella
Cantemus a capella
D’Maîtrise aus der Kathedral presentéiert mat CANTEMUS A CAPELLA e beandrockende Programm mat sakraler Chouermusek, ganz ouni Instrumenter. Mat grousser stilistescher, epochaler an textlecher Diversitéit, erliewe mir ee Concert mat Chouermusek a senger rengster Form.
.
De Félix Mendelssohn Bartholdy an de Josef Rheinberger sti fir de romantesche Räichtum vu Kläng aus dem 19. Joerhonnert, wärend den John Rutter an de Rihards Dubra mat schwiewenden Harmonien a moderner Tounsprooch dat Spirituellt an d’Géigewaart bréngen.
.
Vun däitscher Romantik, iwwer brittesch Eleganz bis hin zu baltescher Mystik. E Concert mat Klang, Faarf an Intensitéit. „Wenn nur die Stimme bleibt, spricht die Musik am tiefsten.“