Chants d'hiver - Chantons ensemble
Matmaach-Concert
Dëse Concert ass eng musikalesch Rees duerch d’Wanterzäit. Jiddereen ass häerzlech invitéiert, fir bei bekannte wéi och manner bekannte Chrëschtlidder aus aller Welt – an a verschiddene Sprooche – matzesangen. Dir kënnt ouni Umeldung um Concert deelhuelen a matsangen, oder och nëmme komme fir ze lauschteren. Zesumme sange verbënnt Mënschen a schaaft eng wonnerschéi Chrëschtdagsatmosphär. D’Liddertexter ginn op der Plaz verdeelt.
.
Mitwirkung :
Dominique Steiner : Animatioun, Konzeptioun
Arthur Possing : Piano
.