Chrëstmaart zu Dikrich
Chrëstmaart zu Dikrich
De Syndicat d'Initiative an d'Gemeng Dikrich lueden häerzlech op de Chrëstmaart an der Dikricher Foussgängerzon an:
- Freides, den 18. Dezember vu 16 bis 22 Auer
- Samschdes, den 19. Dezember vun 11 bis 22 Auer
- Sonndes, den 20. Dezember vun 11 bis 19 Auer
Et erwaarden Iech ënner anerem flott Concerten, Animatioun fir Grouss a Kleng, eng villfälteg Auswiel un Iessen a Gedrénks vun eise lokale Veräiner, eng Fotobox an nach villes méi!
Ganz nei mat dobäi ass dëst Joer den Handwierkermaart AUGENSCHMAUS, wou Dir bei 35 Stänn authentesch Artikelen ze kafe kritt (opgepasst: just samschdes a sonndes)
De Programm kënnt deemnächst no!