E Barockfest fir jidderen
Interaktiven Erzielconzert
Mmmhhh lecker! Barockmusek! Mee wéi déi wuel schmaacht? Séiss wéi Hunneg, sauer wéi eng Zitroun oder awer vläit schaarf wéi exotesch Gewürzer? Eng häerzlech Invitatioun an d'Joer 1727. Hei erwaart iech ee Fréijoers-Picknick mat musikalesche Leckereien an eleganten Dänz, ëmgi vu faarwege Blummen a Villerchersgesäng. Loosst iech verzaubere vun enger barocker Liewensfreed, déi Häerz a Sënner erwiermt. Kommt a schmaacht d’Musek, spiert de Rhythmus a feiert mat eis „E Barockfest fir jiddereen"!
Produktioun CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Conservatoire du Nord
Mitwirkung :
Joëlle Wiseler : Konzept, Moderatioun, Gesank
Anne-Catherine Bucher : Konzept, musikalesch Leedung, Cembalo
Aurélie Wenzel : Gei
Stéphanie Houillon : Gamba
.
Annemarie Klein : Flütt, Hautbois
Guillaume Jablonka : Danz
.