Gesangsdag: Circle Songs by INECC
Mit: Nicolas Billaux & Jeff Mack
De Circle Song ass eng matrappend Form vun improviséiertem A-cappella-Gesang. Am Krees gi mat der Stëmm Klanglandschaften, Rhythmen a Melodie produzéiert, ganz ouni Nouten, nëmmen duerch Lauschteren, Reagéieren a Matgestalten. Fir den Ofschloss vum Workshop um 16.45 Auer., kann de Public an d’Al Kierch luusse kommen a sech dovun iwwerzeege wéi flott Chouergesang ass.
.
Alter: Ab 14 Joer (Keng Alterslimitt). De Workshop riicht sech u jiddereen, dee gäre séngt. Oppenheet, Virwëtz a Loscht um Klang stinn am Mëttelpunkt.
Eng Gesangsausbildung ass keng Viraussetzung.