In Dulci Jubilo
Erëffnungsconcert vun de Festivitéite vum 175. Anniversaire
Festlichen Erëffnungsconcert fir den 175. Anniversaire vum Dikrecher Sängerbond. IN DULCI JUBILO
Gaby Wolter, Sopran. Myriam Putz-Weisgerber, Alt. Marc Dostert, Tenor. Manfred Logeling, Bass. Jos Majerus, Piano. Maurice Clement, Uergel. Michel Berns, Trompett. Christophe Pütz, Percussioun, Jeannot Sanavia, Kontrabass..
Jean-Paul Majerus, Direktioun.
Fir den Optakt vun de Festlechkeete fir hiren 175. Anniversaire, präsentéiert d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech hire feierlechen Erëffnungsconcert IN DULCI JUBILO.
.
Den Ufank vum Concert dirigéiert de fréieren Dirigent Andy Loor. Duerno gëtt da symbolesch den Dirigentestaf un den neie musikalesche Leeder Jean-Paul Majerus weider ginn.
Um Programm si souwuel traditionell a populär Chrëschtmusek, wéi och bekannte klassesch Chouerwierker, déi fir dësen Concert extra fir den Dikrecher Sängerbond vum Jean-Paul Majerus arrangéiert goufen.
IN DULCI JUBILO - in süßer Freude, mat dësem Motto wëll den Dikrecher Sängerbond och iwwert d'Chrëschtzäit raus, hiren 175. Anniversaire zesumme mat sengem Public a senge Frënn feieren.