Keng Méck, kee Schockela?
Keng Méck, kee Schockela?
E Spektakel fir jiddereen ab 8 Joer.
Mat engem spillereschen a sensibelen Usaz geet d'Stéck der Fro no, wéi Uebst a Geméis wuessen, a stellt déi wichteg, awer oft onbekannt, Roll vu verschiddenen Déieren an eisem Ökosystem an de Mëttelpunkt. Mustiken, Harespelen an aner Insekten droen aktiv zur Bestëbsung bäi a suerge fir e gudde Fonctionnement vun der Natur. Ouni si géif näischt wuessen.
„Keng Méck, kee Schockela?“ invitéiert Grouss a Kleng, mat engem neie Bléck op d'Liewen, d'Ëmwelt an déi natierlech Gläichgewiichter ronderëm eis ze kucken.
.
D’Stéck gëtt vun enger Foto-Ausstellung begleet.
.