The Horse Blinders
Fir ëmmer an éiweg
“Fir ëmmer an éiweg”, den neien Album vun den “The Horse Blinders”..
Lidder vun der Léift a vun der Hoffnung nennen d’Horse Blinders hiren drëtten Album “Fir ëmmer an éiweg” och nach. Se verziele kleng Geschichten aus engem klenge Land an deem kleng, onscheinbar Mënschen iwwert sech selwer erauswuessen an zu eppes ganz Besonneschem ginn. Haart Musek fir haart Zäiten ... iewer och douce a melankolesch Téin. Stuerazeg an aggressiv nieft harmonesch a friddlech, esou wéi d’Liewen ass och de Sound vun den Horse Blinders.
.
No “... an nach ee schéinen Dag”, mat Hits wéi “Hierken oder Mettwurscht”, “D’Buurschter Plage” an “Iwwert d’Huttschnouer” an no “Raufaser” mat 10 Lidder fir 10 Stied maachen d’Horse Blinders do weider, wou se ni opgehalen hunn: éierlech, authentesch an erwuesse Musek aus der Fieder vum Auteur Roland Meyer.
“Mir lauschteren d’Horse Blinders, well et ee Stéck Lëtzebuerger Kultur ass.”