Yoga & Music
Jnanadev David Ianni
Yoga féiert eis an d’Stëll vum Häerz a verbënnt eis mat eisem ënnerem Liicht. Och ouni Virkenntnisser oder kierperlech Flexibilitéit ka jiddereen déi inspiréierend Kraaft vum Yoga erliewen. De Pianist, Komponist a Yogasenseignant David Ianni léisst a senge Yogasconcerten d’Schéinheet vun der Musek mam Anmut vum Otem a mat douce Kierperbeweegungen zesummefléissen. Dës Kombinatioun vu Klang, Beweegung a Rou schaaft e Raum fir kierperlecht Wuelbefannen an déif Entspanung. En aussergewéinlecht Concertserliefnes fir jiddereen ab 12 Joer.
Package 4 Seancen
.
80€ | 40€
.
An Zesummenaarbecht mam CUBE 521.