Foulschter Gesank goes Musical
Foulschter Gesank goes Musical
Programm
Um Programm: déi schéinst Melodien aus der Welt vum Musical, vun engem Tarzan-Medley, gesonge vun eisem Kanner- a Jugendensembel, iwwer Extraiten aus West Side Story, Mary Poppins, Die kleine Meerjungfrau, Phantom der Oper an anere Lloyd-Webber-Musicals bis hin zu Showboat, Kiss me, Kate oder Chicago.
Och Comédie musicale mat Notre-Dame de Paris a Starmania grad ewéi däitsche Musical - Elisabeth, Mozart, Mozart! an Udo Jürgens - ginn Iech presentéiert.
De Foulschter Gesank a seng Soliste gi begleet vum Jos Majerus um Piano, dem Georges Dondlinger um E-Bass an dem Jacques Créton op der Batterie.
RESERVATIOUNEN:
.
Ab 18.30 Auer zerwéiere mir d’Assietten.
Präis: Entrée: 13€
mat Assiette: 35€
.
Umeldung bis spéitstens de 7.10.
Tel . : 23620250 GSM: 621 349 890