Party Run auf dem Nordstad Lafweg
mit DJ DEE
De 24. September 2026 fënnt den zweeten Party Run op engem vun eise 4 Nordstad Lafweeër statt!
Maach dech prett fir ee flotte Community Run mat Museksbleedung vum DJ DEE laanscht Uelzecht um Schierener Nordstad Lafwee.
NËTZLECH INFOEN:
→ D‘Event ass Gratis
→ Keng Umeldung noutwenneg
→ All Level a jiddereen ass wëllkomm
18:00 Auer: Treffpunkt zu Schieren bei der "Al Schoul" (27 Rte de Luxembourg, 9125 Schieren)
18:10 Auer: Warm up & Start vum Party Run mam DJ DEE
Distanz: 6,6 km am gemittlechen Tempo bis zeréck bei d'Al Schoul →
https://www.nordstad.lu/de/erleben/outdoor/laufwege/lft-item/nordstad-laufweg-schieren-10943/
19:00 Auer: éischte Patt ass offréiert, fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt
Gewënnspill fir e Puer Lafschung an eng Lafanalyse vum Asport
Parkplazen direkt an der Géigend
.
Bag drop méiglech
D'Lafweeër sinn vum Nordstad Syndikat (nordstad.lu) organiséiert an Zesummenaarbecht mam Lafclub SauerBeen (sauerbeen.lu).
Mir freeën eis op dech!
Hei fënns du all eis 4 Lafweeër: Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer & Schieren: https://www.nordstad.lu/de/erleben/outdoor/laufwege/
.