Peer Gynt
Geschichten iwwer Geschichten
Traut iech zesumme mam näischtnotzege Peer Gynt op e spannend Abenteuer, begleet duerch magesch Saxophonskläng a verzauberte Beweegungen. Wat heescht et Courage ze beweisen? Frëndschaften z’entdecken a mat vill Fantasie all Erausfuerderung unzehuelen an ze meeschteren?
Mir schläichen duerch donkel Bëscher, geroden an eng geheimnisvoll Trollenhöhl a reese bis an d’endlos Wüst. Et erwaart iech eng musikalesch Sich nom eegene Gléck, wou de Peer vill Mutt beweise muss a léiert wéi wichteg et ass och mol bei der Wourecht ze bleiwen.
.
Produktioun CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Conservatoire du Nord
.
Générique :
Joelle Wiseler : Conception, réalisation
Lisa d’Harcour, Hy-Khang Dang, Hy-Huu Dang, Thibault Collienne : Quatuor de saxophones
Annick Pütz : Dance