Liesungen : Schieren - En Duerf erlieft 2 Weltkricher
Schieren - En Duerf erlieft 2 Weltkricher vum Mil Goerens
Op ronn 1000 Säite presentéiert den Auteur Mil Goerens d’Ereegnesser aus sengem Heemechtsduerf Schieren wärend de Krichszäiten an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert. Encouragéiert vun der Gemeng Schieren, huet de Mil Goerens an dësem Buch seng Recherchen, säi Wëssen a seng Gespréicher mat Zäitzeien zum Thema zesummegedroen, fir esou dëse Patrimoine fir déi kommend Generatiounen ze erhalen. Samschdes, de 26. September 2026 sinn zwou Liesunge mam Auteur am Centre Culturel Al Schoul: Éischt Liesung um 14.00 Auer Zweet Liesung um 16.00 Auer Gratis Entrée Nieft de Liesungen: Explikatiounen an Informatioune vum Auteur Verkaf vum Buch mat eventueller Dedicace Ausstellung vun interessanten Exponater aus der Krichszäit No de Liesunge gëtt e Patt offréiert. Präis vum Buch: 50 € (+10 € bei Versand) Bestellung: contact@schieren.lu oder mil.goerens@hotmail.de Ofhuelen oder Iwwerweisung un: Goerens Emile | 5, rue Verte, L 9135 Schieren Kont: LU77 0030 3442 8465 0000