Visite an de Veiner Wéngerten
Visite an de Veiner Wéngerten
Et gouf schonns zanter dem Mëttelalter Wéngerten zu Veinen
an Trinitarier-Mönchen hunn esouguer een eegent Kelterhaus
bedriwwen. De Ritter an de Grofe goung et méi ëm den Effet, wéi ëm
d´Qualitéit an et ass méiglech dass vun dohier och d’Bezeechnung
„ Veiner Dräimeener-Wäin“ staamt: Zwee Mann, déi den Drénkert
festgehalen hunn an een deen him de Wäin erageschott huet.
2012, ronn 100 Joer no der Reblaus-Katastrophe, wéi och dee leschte Veiner d´Knëppele
bei d’Tromm geluecht huet, huet den Nico WALISCH an der Kalchesbaach a sengem
.
Stäilhang op 4 Ar ee Nei-Ufank riskéiert. An der Moyenne hat hie ronn 400 Fläsche
Cabernet Blanc opweises. Mat Hëllef vun him a vum Laurent KOX vu Réimech gouf
2023 dunn och ee Wéngert um Fouss vum Veiner Schlass ugeluecht mat der Drauw
„Florial“. Mëttwochs, de 7. Oktober hutt dir d´Geleeënheet, déi 2 nördlechst Wéngerte
vu Lëtzebuerg ze besichen an d’Wäiner ze schmaachen!
Umeldung / Anmeldung / Inscription
.
Club Haus op der Heed
Tel: 998236
Mail: heed@clubhaiser.lu