When? Saturday 26.09.202614:00

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch: Kannerliesung mam Renée Weber

Where? 4, Op der Knupp, L-9150 Eschdorf Art, Culture & Literature

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch: Kannerliesung mam Renée Weber

Bibliothéik Eschduerf (4, Op der Knupp, L-9150 Eschduerf)

Entrée: Fräien Entrée, ouni Umeldung

Fir Kanner ab 3 Joer


D’Kanner dierfen sech op e besonnesche Liesnomëtteg freeën: D’Bibliothéik Eschduerf invitéiert op eng Rees an d’Welt vun de Geschichten zesumme mat der Lëtzebuerger Kannerbuchautorin an Illustratrice Renée Weber.


1996 huet si hiert éischt eegent Buch geschriwwen an illustréiert: D’Ann Spann an de Rolfi Raup. Zënterhier huet si vill beléift Kannerbicher verëffentlecht, dorënner Alles wéinst dem Willi Wull, Muhna Lisa oder den Dram vum Fléien, Wou ass de Sam?, Dem klenge Felix seng grouss Rees (Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis), Bommel, De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz, Eng Maus am Haus (Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis), Den Hu an dat klengt Gespenst an Dem Louis seng Nues.


.

An dëser Liesung hëlt d’Renée Weber d’Kanner mat an hir fantastesch Welt a liest aus de Bicher Den Hu an dat klengt Gespenst an Dem klenge Felix seng grouss Rees.


Organiséiert vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Esch-Sauer.

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Esch-Sauer, der Bibliothéik Eschduerf, dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an dem Kulturministère.

.

©echo.lu
Next events
Saturday 26.09.202614:00

Location

Address: Eschdorf - Bibliothéik
4, Op der Knupp
L-9150 Eschdorf
Show on map
©echo.lu

Kannerliesung mam Renée Weber

Eng Rees an d'Welt vun de Geschichten
Find out more


Content delivery by ECHO - Information subject to change and without commitment!

Do you want to announce your events in the agenda? Create, manage and share your own experiences at www.echo.lu/en/organiser.